GANZE LOGO VUN HÄERZEN

Käertercher mat Messagen déi vun Häerze komme fir déi besonnesch Momenter am Liewen

“Vun Häerzen” ass eng häerzlech Manéier eis Gefiller a kuerzen a positive Messagen auszedrécken – einfach esou, fir Zweschenduerch, an och a ganz wichtegen, méi grousse Momenter.

“Ech muss nach drun denken herno Merci ze soen”. “Ech géif dat jo lo soe wann ech mech géif trauen.” Dat an aner Gedanken hunn ech a bestëmmt vill aner Mënsche ganz dacks. Mir soen net dat wat mer denken a verleeën et op méi spéit, mee “méi spéit” kennt ganz oft ni, well mer et da vergiessen oder well d’Geleeënheet sech net bitt.

“Vun Häerzen” ass een Häerzensprojet vu mir. Seid ech denke ka krut ech ëmmer erëm gesot “du bass ze fein”, “du muss dech méi duerchsetzen” a ganz laang hunn ech u mir gezweiwelt a gemengt ech misst dat dach endlech leiere manner sensibel ze sinn. Mee wann ech éierlech si gleewen ech ganz fest drun dass mer ee mat deem anere méi fein, oppen, an éierlech kenne sinn. Et funktionéiert net ëmmer sech vu senger beschter Säit ze weisen, mee wann sech eng Geleeënheet bitt fir ee gutt Wuert ze soen, wisou da net dee Moment notzen?!

All Wuert wat mer soen huet eng ganz eege Bedeitung an Energie. Jidderee weess wei et sech ufillt wann een zu engem seet “du bass esou domm” oder am Géigendeel wann ee seet “Merci dass et dech gëtt. Ech sinn esou frou mat dir.” Mir si ganz gutt dran opzelëschte wat eis steiert, mee wat wierklech zielt ass dat wat mir gutt maachen a wat mir un deene Mënschen an eisem Liewen ze schätze wëssen. A genau des schéin Iddien a Momenter wëlle mir “vun Häerzen” méi dacks ervirhiewen a festhalen.

Vun Häerzen, l, Linda.

%d bloggers like this: